D’Thema Liichtverschmotzung gëtt an der Lescht ëmmer méi dacks an de Medien diskutéiert, mä wat ass Liichtverschmotzung eigentlech a wat sinn d’Problemer déi domat verbonne sinn? Dës a weider Froe wëlle mir zesumme mat Iech klären an invitéiere Iech dofir häerzlech op d’Informatiounsveranstaltung

„Effizient an ëmweltverdréiglech Aussebeliichtung“

Dënschdes den, 18. Juni 2019 (09:00- 11:00 Auer)

am Naturparkhaus zu Beefort (8, rue de l’Auberge)

Kënschtlech Beliichtung ass virum allem an den Uertschaften eng Noutwennegkeet, mee vill vun de Liichtquelle sinn ineffizient oder souguer iwwerflësseg. Duerch d’Ëmstellen op energieeffizient LED-Technologie, kennen net just grouss Stroumaspuerunge realiséiert ginn, mee et bitt sech anengems d’Geleeënheet vir der Liichtverschmotzung entgéint ze wierken.

Mat folgendem Programm wëlle mir dozou bäidroen d’Bewosstsinn fir déi negativ Auswierkungen déi iwwerméisseg a falsch ausgeriichte Beliichtung op de Mënsch an d’Natur huet, ze stäerken a weise wéi eng Moossnamen d’Gemengen awer och jidder Eenzele kann ergräife fir d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren.

  • 9:00
    Technesch Grondlagen Aussebeliichtung
    Wat ass Liichtverschmotzung?
    Wéi eng Auswierkungen huet se op de Mënsch an d’Natur?
    Wéi ka Liichtverschmotzung reduzéiert ginn?Jacob Bußmann (Abteilung Energieeffizienz und Erneuerbare Energien, IfaS)
  • 9:45
    Virstellung vum INTERREG Europe Projet NIGHT LIGHT
    Best Practice Beispiller aus Lëtzebuerg
    Virstellung vum „Leitfaden für gutes Licht im Außenraum“Laurent Spithoven (Naturpark Our)
  • 10:30
    Froen & Diskussiounsronn

Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 12. Juni per Mail (natassja.mich@naturpark-mellerdall.lu) oder ënnert der Telefonsnummer 26 87 82 91-24 un.

D’Veranstaltung ass op fir jiddereen!